audio
audioduration (s) 0.08
62.2
| text
stringlengths 3
935
| language
stringclasses 2
values |
---|---|---|
D'Zweefaarweg Bëschspëtzmaus lieft a fiichte Bëscher a Regiounen, an u Flossuferen. | luxembourgish |
|
D'Politik vun der EZB gëtt also vun den Banken géigegesteiert op Käschten vum Bierger. | luxembourgish |
|
Kommt eis dach emol besichen! | luxembourgish |
|
Si sollen an d'AfA goen, an d'„Aufnahmeeinrichtung für Asylbegehrende“ an der Dasbachstraße, e Feil weist hinnen d'Direktioun, anzwousch dohannen, hannert der Arena, kënne si sech enregistréiere loossen. | luxembourgish |
|
„Kuckt!“ Si hieft en an d'Luucht. Um blénkegen giele Pabeier si rout a blo Blummen an eng Medail ofgedréckt. An décker, kitscheg geschwongener Schrëft steet drop: | luxembourgish |
|
En huet sech dobäi gerëselt, huet gefréckelt a gerëffelt, huet un allem gezunn wat him an d'Hänn gefall ass. En huet mat de Féiss getrëppelt, huet gepipst, huet gejaut a mat den Zänn gegrätscht. | luxembourgish |
|
Meng Aarbechtskolleegin wollt mer aus deem Tëschefall e Stréck dréien. | luxembourgish |
|
An, jo, mëttlerweil hunn ech mäi Fridden domadder fonnt an hunn awer och stäerk Meenungen dozou, | luxembourgish |
|
Vu wäitem hat de Jamper gesinn, datt d’Marxe Setti um Halt bei der Kierch gewaart huet. | luxembourgish |
|
En huet schéi brav seng Bouss gebiet an ass aus der Kierch geschlach, wi e gebeetschten Hond. | luxembourgish |
|
Merci, der Madamm Inneministesch Taina Bofferdéng. | luxembourgish |
|
um Offizéier sengen Epaulettë gesäit een, datt e Kolonell ass. | luxembourgish |
|
Hei Papp, iess du di Schmier, ech wëll se net. | luxembourgish |
|
Wéi d'Lued an d'Graf erofgelooss gouf, war nëmmen d'Famill derbäi. | luxembourgish |
|
Ass dat net e bësse vill verlaangt? | luxembourgish |
|
De Revers vun dëser net konsequenter Politik sinn déi massiv Beweegunge vu Leit, déi eis elo erausfuerderen. | luxembourgish |
|
E besseren Här. Wann dee matfiert, da gëtt et vläicht en Drénkgeld! | luxembourgish |
|
Et ass wichteg, deene Jonken ze vermëttelen, wéi se solle verhüten. | luxembourgish |
|
Mäin häerzlecht Bäileed! | luxembourgish |
|
De Genosse bleift en Trouscht: d'Vollek ass zwar géint eng Limitatioun vun de Ministermandater, ma kee verbitt der LSAP, genee dat an hir Statuten anzeschreiwen; oder wär et net besser, si géing mol nees probéieren, mat hire Leit vun der Basis an d'Gespréich ze kommen. | luxembourgish |
|
Elo schonns ass de Krich géint ons fundamental Wäerter amgaang. | luxembourgish |
|
Jo. Iwwert den Daum. | luxembourgish |
|
Oder net? | luxembourgish |
|
Léif Éieregäscht, dir Dammen an dir Hären. Ech si frou, datt der all komm sidd an datt et su e schéint Fest ass. | luxembourgish |
|
Schwaarz oder wäiss. | luxembourgish |
|
mol einfach d'Vue ze wiesslen, re-, leng sproochlech an, ëm, ze kucke, wat dat mat engem mécht an wat dat mat sengem Sexliewe mécht. Dat awer just als Klammer, also ech hu lo gesot mir zerstéiren d'Virspill. Ech fannen, | luxembourgish |
|
Trotzdeem ass se den aachten November nach eng Kéier onverännert fir zweedausendzwanzeg verlängert ginn, sou wéi säit zweedausendnéng. | luxembourgish |
|
Alles Wierder, déi derzou bäidroen, dass d'Leit just nach méi Angscht kréien. | luxembourgish |
|
Ech soe mer, dass alles, wat eis haut zwéngt, op Distanz ze goen, eis bënnt a vereenegt. | luxembourgish |
|
Virun zwee Joer hunn d'Banquieren ugefaangen, ze kräischen. | luxembourgish |
|
SI fuerderen eis eraus, SI mussen eis derzou bréngen ze soen, Neen, mir wëllen är einfach banal Wourechte vu Friemenhaass a Refus vum aneren net, deen anescht ass. | luxembourgish |
|
deen Leit ganz starr Rollen opzwängt oder op | luxembourgish |
|
Deng Rechnung geet hannen a vir net op. | luxembourgish |
|
Fiert dëse Bus op de Rosswénkeler Haff? | luxembourgish |
|
D’Anna huet dat e puermol hannertenee buschtawéiert. Ein,bein,ig. | luxembourgish |
|
di sech dat net kënne leeschten. Dës Iwwerleeung vum Stéphanie senger Mamm huet mech erënnert un eppes, wat de Marc Schumacher | luxembourgish |
|
A wat, wann d'LSAP des Wale verléiert? | luxembourgish |
|
E wollt hunn, de Schmadd misst him eng Beschäftegung ginn, well hie wier säin Eedem. | luxembourgish |
|
Esou huet en nëmme geäntwert, si sollt d’Judith léiwer net mi ernimmen. | luxembourgish |
|
En Arbitter sollt net bestiechlech sinn. | luxembourgish |
|
D'CDe kaschte fofzéng Euro d'Stéck. | luxembourgish |
|
Ëmmerhin war den eelste vun de Bridder dat Joer virdrun Drëtten zu Paräis. | luxembourgish |
|
D‘Mënschen kréien bannent puer Stonnen all hir Liewensexistenz ënnert de Féiss ewechgerappt. | luxembourgish |
|
Dat ass also näischt Schwiereges. Dat ass einfach e klenge Kontrakt mat deenen dräi Operateuren | luxembourgish |
|
Kommt, mer vereinfachen de Sproochentest, mee ech sinn awer net d'accord, fir en ofzeschafen. | luxembourgish |
|
All Joer stierwen am Land ronn véierdausend Mënschen. | luxembourgish |
|
D'Studenten hunn d'Examen all bestanen. | luxembourgish |
|
Nee, d'Geld entsteet haut doduerch, dass de Mario Draghi a Konsorten op de Knäppchen drécken. | luxembourgish |
|
Do, wou d'CSV virdru gebremst huet, hunn um Enn d'Majoritéitsparteien Waasser an hire Wäi geschott. | luxembourgish |
|
Ech war schonn dräimol am Maroc. | luxembourgish |
|
Sief et, datt Amateurmusikanten oder awer och ganz bekannte jiddesch Artisten hu misse virspille beim Auspeitsche vun Häftlingen oder ëffentlechen Exekutiounen. Sief et, datt e jiddeschen Häftling am Steebroch, uewen um Wiener Graben, siwwenzeg Meter héich, huet missen dem Schubert säin "Ave Maria" sangen, mat haarder Stemm, ier hie vun engem Kapo an den Doud gestierzt gouf. | luxembourgish |
|
Am Europaparlament, ëëë, ass, ëëë, ëmmer méi entscheet gi, wat awer och am Land huet missen ëmgesat ginn a Form vun, ëëëm, Direktiven, zum Beispill, europäesch Direktiven iwwer, ëëë, | luxembourgish |
|
Et ass en enorme psycheschen Drock, wann een déi ganzen Zäit mam Mindestloun muss liewen. | luxembourgish |
|
't huet sech dunn awer schnell rausgestallt, datt deem net sou war. De Rader | luxembourgish |
|
Ze maachen, wi wann alles normal wier. Drauwesch Camille huet d’grousst Wuert gefouert. | luxembourgish |
|
d'Nona um Aarm. Kuck Nona, deng Medail. A wierklech dréit grad e Polizist déi schéi gëlle Medail mat Händschen a säin Auto. Déi gehéiert mir!, mécht d'Nona a rëselt de Kapp, wéi de Buergermeeschter mat Handschellen aus dem Sall gefouert gëtt. | luxembourgish |
|
Ech denken net, datt e seng Trophäe präis gëtt, mee ech denken, dass 'n dat éischter derbäi leet oder derbäi peekt fir ze weisen, datt hee wierklech den Täter ass. Dass heen et wierklech war. Dass heen de Beweis wëll hunn, | luxembourgish |
|
D'Fleesch kéint eng Grëtz méi gewierzt sinn. | luxembourgish |
|
Si hunn deemools, nach méi wéi haut, d’Bild vum Stater Véierel Bouneweg gepräägt, an dat iwwer vill Joerzéngten. | luxembourgish |
|
Geschwënn ass zweedausenduechtzéng, an da si mer schonn dräi Joer iwwert d'Deadline eraus, déi déi Vereenten Natioune sech zweedausend mat hire Milleniumsziler gesat haten, a wou et, ënnert anerem, ëm d'Verréngere vun extremer Aarmut, ëm d'Fuerdere vu Bildung, eng Reduktioun vun der Kannerstierflechkeet an ëm eng global Éntwécklungshëllefpartnerschaft gaangen ass, an déi wäit ewech vun erfëllt sinn. | luxembourgish |
|
wat awer leider net de Fall war zu deem Punkt. Wär jo ze schéi gewiescht. Mee dat mat geene ganze Bréiwer a Päck geet weider. | luxembourgish |
|
Raclettëkéis, fir de klassesche Silvestermenu, Rakéiten, fir do, wou Freedefeier nach toleréiert gëtt, an natierlech, wann een anzwousch invitéiert ass, e Kaddo fir mat dohin. | luxembourgish |
|
et gëtt keng Behandlung, et gëtt einfa ofgewaart, ëëë, datt et, datt et vum selwe fortgeet, | luxembourgish |
|
Se hat d'EU-Presidence virun dräizéng Joer iwwerholl, deemools direkt no enger Rei negative Referenden iwwer een EU-Traitésvertrag. | luxembourgish |
|
drop opmierksam gema an dee war, nee, nee, dat kann net vu mir sinn, ech passen ëmmer gutt op. Ëëëm, ech hunn där Persoun och ëmmer gesot su, du léiss dech testen, | luxembourgish |
|
Méi séier bauen. Eeleftens, mär mussen eis Prozeduren entschlaken. | luxembourgish |
|
Du muss däi Benotzernumm an däi Passwuert aginn, fir dech anzeloggen. | luxembourgish |
|
Werbeen ass gutt fir d'Verdauung. | luxembourgish |
|
An heinansdo et kann een et net anescht nennen och d'Dommheet, nämlech dann, wa mol net dat gelies gëtt, wat ee kommentéiert. | luxembourgish |
|
Hie gouf ganz konservativ erzunn. | luxembourgish |
|
An, ë, d'Preisen hu sech allerdings, net dass se eis mat Rou gelooss hunn, mee d'Preisen hunn sech un d'-, ëëë, d'Fraen net intresséiert. | luxembourgish |
|
D'Kanner waren haut ganz onroueg an der Schoul. | luxembourgish |
|
De beléiftste Politiker vum Land appelléiert als Ausseminister an däitschen Talkshowen allze gär un d'Gewësse vu sengen europäeschen Homologen, mee mécht sech als Lëtzebuerger Immigratiounsminister hei am Land dacks rar. | luxembourgish |
|
Ech fléiwen der net. De Buttek war kleng. | luxembourgish |
|
D'Cheffin vum Front national reift sech iwwerdeems d'Hänn an si ass hirem Zil sou no wéi nach ni. | luxembourgish |
|
Hien ass vun Natur aus en Optimist. | luxembourgish |
|
Op d'mannst fir déi nei Regierungsekipp, déi eng éischte Kéier zanter de Walen op de Préifstand kënnt an déi nei ugekënnegt Philosophie aus dem Koalitiounsaccord op d'mannst usazweis a Musek muss ëmsetzen. | luxembourgish |
|
Ech hu mech net vum Fleck geréiert. | luxembourgish |
|
Bei eis am Duerf ass eng Sauna opgaangen. | luxembourgish |
|
Die Erde, der Laden, die Mandarine. Dat ass de Marc Schumacher. Hien hält schonn dräianzwanzeg Joer laang Schoul zu Kielen | luxembourgish |
|
Dem Weber säi Plang, di rietsextreem Fratelli d'Italia vun der Giorgia Meloni méi no un d'EVP ze bannen, goung dem Christophe Hansen allerdéngs ze wäit. | luxembourgish |
|
Hie krut reprochéiert, d'Heft ze vill aus der Hand ginn ze hunn – zu Gonschte vum Conseil, also de Regierungscheffen. | luxembourgish |
|
Wann en zum Trini sot, e géif net um Paf seng Hell gleewen, dann huet hatt em geäntwert, dat wier net dem Paf seng Hell, do wier den Däiwel zoustänneg. | luxembourgish |
|
An dach spiert een d'Mënschen, déi hei verstümmelt gi sinn. | luxembourgish |
|
Beim Aparken hunn ech mäi fonkelneien Auto un enger Stroosseluucht getéitscht. | luxembourgish |
|
An der Geschicht vun de Wärungen hu sech virun allem Edelmetaller als universal Tauschobjeten erausgeschielt. | luxembourgish |
|
E Schrëtt, deen allerdéngs net jidderee beim PS ënnerstëtzt. | luxembourgish |
|
An och d‘Energie, di mir duerch d‘Sonn gewannen, hëlt vu Joer zu Joer zou. | luxembourgish |
|
Ech hunn erëm un de Pätter Klos missen denken. Wann de Méchel och elo hei ëmkomm wier, da wier ech keng Minutt mi laang heibliwwen. | luxembourgish |
|
An dat ass dee grousse Skandal bei Pegasus. Well een net mat sou engem Tool kann higoen a seet, | luxembourgish |
|
Vu Wäitem huet een den Dimmer héieren. | luxembourgish |
|
Seng Partei fënnt dofir d'Zoustëmmung vun engem Véierel vun de franséische Wieler. | luxembourgish |
|
D'Bouwen hu gestridden ewéi d'Buuschtebënner. | luxembourgish |
|
Wat kann eis nach alles Schlëmmes bléien? | luxembourgish |
|
Deen Dag, wi en heemkomm ass, den eeleften Dezember nonzénghonnertuechtzéng, war e Mëttwoch. | luxembourgish |
|
Ech kréien di Sardinnebéchs einfach net op! | luxembourgish |
|
Du verdierfs der d'Ae bei där schappeger Luucht! | luxembourgish |
|
déi nach kommen, eis een ëmmer besser wäert, ëm, kenne léieren, do sinn ech mer relativ ë sécher. Ëëëm, wann een wéi gesot, | luxembourgish |
|
Datt si hir eege Meenung weider verspreeden an net einfa dat Medezinnesch, | luxembourgish |
|
An de Biergdierfer stinn op ville Fënstere Stäckelchersblummen. | luxembourgish |
Subsets and Splits